Interview mit André Reuter: "T ass ëmmer eng Fro vun der Perspektiv“

, von Ekkehart Schmidt
















Den André Reuter as zanter 37 Joer Gerant vun Polygone, enger Entreprise mat sozialer Approche an Erfollëg. Gläichzäiteg war heen zanter der Grënnung vun Etika een Ënnerstëtzer vun onser Iddi an laangjäregen Member vun eisem Conseil d’Administration. No 15 Joer verléisst den André Reuter elo den CA vun Etika als Member vun der asbl Interactions. Grond genuch fir den Alexander Feldmann him emol eng Visitt ze maachen, an iwwer seng laangjäreg Aarbecht fir eis asbl ze schwätzen. Als Chef vun Polygone, bass du schoun laang am Sozialen engagéiert, awer net nëmmen do, sondern och donieft bei Etika.

Wat ass fir dech di Haaptursaach déi Aarbecht ze maachen?

Dat leit wahrscheinlech un mengem Hannergronn. Ech sinn nämlech Sozialaarbechter vu Formatioun. 1979 hunn ech gehollef, d´asbl Interactions ze grënnen, eng Organisatioun di ëmmer den Developpement Communautaire als Schwéierpunkt hat. Dat heescht, sozial Problemer net als individuell Problemer ze kucken, mee als Gesellschaftsproblemer ze gesinn an och op deem Niveau Léisongen ze fannen. Zu engem Moment dann si mir vun Interactions eis bewosst ginn, datt et eng sozial Komponent an de Finanzen gëtt, an esou goufe mir als asbl ee Grënnungsmember vun der neier asbl Etika, deemools nach „Alterfinanz“.

Den eischten Vertrieder vun Inter-Actions am Conseil d’Administration (CA) vun Etika war de Jan Nottrot. 2003 huest du hien ersaat.

Jo, déi alternativ Finanzen ware schonn ëmmer een Thema wat mech beréiert an interesséiert hat. Ech war also ëmmer an der Funktioun als Member vum CA vun Inter-Actions fir Etika aktiv an net als Gerant vun Polygone. An deene leschte Joeren war ech Member am CA an zousätzlech am Credit Comité. Dat war an deem Sënn interessant well ech de Problemer vun zwou Säiten gesinn hunn. Am CA goufen éischter global, generell Diskussiounen gefouert an am Comité du Crédit gouf debattéiert, ob di virgeschloën Projeten ethische Critère gerecht ginn. Dat

war eng ganz flott Experienz, an ech hunn virun allem den Austausch tëschent de verschiddene Leit mat ganz verschidden Hannergrënn bei Etika beräicherend fonnt.

Du hues Etika elo 15 Joer aktiv matbegleet an wars von Ufank un mat dobäi, wat huet dech deemools speziell un der Sozialfinanz interesséiert?

Mir hunn als Interactions eng asbl, déi sozial Projeten mecht, di praktesch zu 100%

ofhängeg ass vum Bon-Vouloir vun der Politik, an di och Projeten mecht di net direkt als finanzéierungswürdeg ugesi goufen. Do goufen alternativ Finanzéierungsmeigléchkeeten gebraucht. Ee Konkret Beispill: Ufank vun de 90er Joeren sinn mir eis bewosst ginn, datt Iwwerscholdung ee Problem wär. Vu datt Lëtzebuerg eng Finanzplaz ass, wollt deemools keen Mënsch eppes dovu wëssen. „Dat gëtt et net“. Mir hunn dofir also keng Finanzéierung fonnt, fir ze realiséieren wat mer wollten maachen. Letztendlech konnten mer di Stell vun engem Assistant Social vun Polygone di do fir Scholdenberodung zoustänneg war notzen, fir Interactions, an fir dat Thema Iwwerscholdung Öffentlechkeetsaarbecht ze maachen.

Also effektiv hunn mer privat finanzéiert, well mer Suen aus Polygone erausgeholl hunn – een „Detournement de fonds sociales“. Dat huet sech awwer als effektiv erausgestallt well de Staat doropshinn irgendwann den Besoin gesinn huet, an een Service de sûrendettement installéiert huet. Demoals gouf et Etika nach net, soss hätten mer de Projet bei Etika kéinten raginn.

Wat mécht dech frou, wanns du op deng Zäit bei Etika zereck kucks?

Ech si frou doriwwer datt Etika mëttlerweil eng kloer Stëmm ass hei zu Lëtzebuerg, wat d´ethisch Finanz ugeet. Dobäi kënnt, datt ech et super fannen dat esou vill Spuerer konnte motivéiert ginn op een Deel vun hiren Zënsen ze verziichte fir Projeeën hei an den Tiers Monde ze finanzéieren. Ech mengen, et ass eng flott Saach. Mir hunn ganz am Ufank an erneierbar Energien investéiert, a Bio-Landwirtschaft, an de sozio-ökonomesche Beräich, sief dat Polygone, Co-Labor, an eng ganz Partie anerer déi sech ëm d’Problematik vum Chomâge bekëmmeren. Ech mengen d’ass an dem Sënn wichteg weil et gëtt ganz vill iwwer ethisch Investissementer geschwat, wi och iwwer d’Responsabilitéit Sociale des Entreprises, wou ech awer mengen, datt dat haaptsächlech Green-Washing, respektiv Social-Washing ass. Wann et nämlech konkret drëm geet fir, mir sinn als Polygone de Moment an der Situation, an ee Betrieb ze investéieren, deen sech sociale Critère gëtt, da fënnste kaum Leit di äert Gëld doranner investéieren. Ech mengen ’t ass bemierkenswäert dass ee ganze Koup där kleng Spuerer, hiert Geld op den alternative Spuerkont sëtzen, wou een da mierkt, datt dat eng Hiewelwirkung huet.

Op der 20 Joer-Féier vun Etika, huet Präsidentin vun der Spuerkeess Francoise Thoma gemengt, datt e Glas éischter hallef voll, amplaz vun hallef eidel wär, fir eng sozial Finanz héi zu Lëtzebuerg. Wat mengst du dozou?

’T ass ëmmer eng Fro vun der Perspektiv, ech ginn dem Francoise Thoma awer Recht. Ech fannen, natierlech kann ee méi maachen. Mee ech mengen, datt de Fait datt Etika besteet an datt Etika fonktionéiert, ass net en Alibi fir eng Spuerkeess oder eng Finanzplaz, well Etika péekt jo hei an do Themen un di wéi dinn. An dat schéngt mir och wichteg ze sinn. Dat hëlleft och dozou d’Glas hallef voll ze maachen. Hallef voll net nëmmen vun de Suen di geréiert ginn, mee och vun dem allgemengen Impakt den Etika kann an der Gesellschaft spillen.

Dëst Joer ass ee Joer vu grouss Jubiliäen. Den 30. März wär den Friedrich Wilhelm Raiffeisen 200 Joer al ginn an den 05. Mai géif de Karl Marx och seng 200 kréien. Wat fält dir zou den Ideen vun den Hären an?

Par rapport zu Raiffeisen muss ech soen, dass Polygone mat der Raiffeisenkeess ganz positiv zesumme schafft. Wat ee bedauerenswerten Fait ass, dat ass, datt den Mouvement vun den Cooperativen zu Lëtzebuerg keng grouss Traditioun huet. Wie mir 1981 Polygone gegrënnt hunn, stoung di Fro am Raum ob mir eng Cooperative géinge maachen. Mir hunn deemools decidéiert keng Cooperative ze maachen well et zu Lëtzebuerg am fong just zwee Typpen Cooperativen gouf. Dat engt sinn Cooperatives Agricoles an dat anert d’Cooperatives de Consommateurs. Mir haten als Projet fir Polygone net vir, an der Landwirtschaft aktiv ze ginn, mee éischter Artisanal, Bauwierk, Bauwirtschaft an esou weider – dofir hunn mer keng Cooperative gegrënnt. An de 70er Joeren waren déi Mouvementer fir Cooperativen, virun allem an der Belge, awer och an Italien staark, an dat huet eis motivéiert an der Demarche iwwerhaapt ee Betrieb ze grënnen.

Wat mech zou Karl Marx inspiréiert: Wéi mir 1981 Polygone SARL gegrënnt hunn als Sozialaarbechter vun Interaction, do hu mer gesot kritt „Au elo ginn d´Sozialaarbechter Kapitalisten“. Majo am Fong stinn ech dozou. Mir sinn eng Société à résponsabilité limitée an mir sinn eng normal ekonomesch Gesellschaft a mir fonktionéieren ouni gréisser Subventiounen. Mir kréien keng aner Hellëffen wéi aner Betrieber och, a mir beweisen zanter 1981, datt een och als Betrieb seng sozial Verantwortung kann iwwerhuelen. Mir hunn de Moment plus au moins 250 Mataarbechter, dovunner sinn all Joer 40-50 Demandeur d´Emploi, deene mer hëllefen an den éischten Aarbechtsmaart eran ze kommen. Do ass eisen sozialistesche Geescht, a mir sinn wierklech an der sozialer Maartwirtschaft.

An dësen Hierscht wäert et och e Joerzéngt hier sinn, datt Lehmann Brothers a Faillite gaang ass. Wat fält dir dozou an?

Lehmann Brothers ass fir mech den Inbegrëff wann d´Finanz näischt méi mat der Realitéit ze dinn huet. De Finanzwirtschaft ass do fir de Betrieber ze hëllefen eng Plus-Value économique an een Plus-Value sociale ze generéieren. Ech sinn nämlech der Meenung, datt all Aarbechtsplaz di een Entrepreneur schaaft, Sozialaarbecht ass. Eng Aarbechtsplaz erméiglecht een Plaz an der Gesellschaft ze fannen, a manner ofhängeg ze sinn vun den sozialen Transfèren. An di ganz Spekulatiouns-Finanzwelt di huet domater absolut näischt ze dinn.

Elo wou deng Zäit am CA fir Etika un en Enn kënnt, wat sinn deng Pläng fir di nächst Zoukonft?

’T ass ja klar do ass een gewëssen Alter, meng Klassenkollegen sinn alleguerten an der Pensioun. Ech war am Fong vun Ufank un, vun 1981, haaptsächlech fir Polygone zoustänneg, an do geet et elo drëm, fir d´Relève ze organiséieren. Wat och esou wäit scho geschitt ass. Mir sinn haut anescht opgestallt wéi virun 10 Joer. Ech sinn de Moment nach Gérant technique, dat heescht d´Autorisatiounen lafen de Moment nach iwwer den André Reuter. An ab 2019 wäert ech mech souwäit zeréck zéien, mee bleiwen awer nach iergendwéi dobäi.

Hues du nach ee Gedanken, deen´s de wëlls Etika mat op de Wee ginn?

Ech sinn nach an Zoukonft am Comité du Crédit, wat natierlech net dat selwecht Engagement ass. Ech hu voll Vertrauen an déi Léit di elo am CA sinn, di Aarbecht vun de lescht 20 Joer, mat Engagement wäerten weiderféieren. Ech mengen, dass Etika an der Situatioun, an där d’Finanzplaz de Moment ass, eng wichteg Roll ze spillen huet. Mir schwätzen vun gréngen Fongen, vun sozialen Fongen, vun der Kreeslafwirtschaft, an der Polygone iwwregens ganz aktiv dran ass, an ech sinn der Meenung datt Etika, di nächst 20 Joer eng nach méi grouss Roll ze spillen huet wi die letztscht 20 Joer. Die éischt 20 Joer sinn di schwéierst, dat soen ech net nëmmen par Rapport zu Etika mee och par Rapport zu Polygone. Wenn ech bedenken wou mer hirkommen a wou mer elo sinn, dann ass dat méi wéi richteg a wouer.

Villmools Merci

Vollständige Fassung des in etikaINFO 56 veröffentlichten Interviews, geführt von Alexander Feldmann

Artikel vom 8. Mai 2018